Léif Kolleeginnen a Kolleegen,
Äert Wëssen an Är Erfarung als aktiv Museker an/oder als Fuerscher si fir eis immens wäertvoll. Dofir géife mir Iech gären invitéieren, un eiser Fuerschung zum Theema Instrumentalunterrecht a Léiere vun engem Museksinstrument an der fréier Kandheet deelzehuelen.
Dir kënnt dat maachen, andeem Dir dëse Questionnaire ausfëllt.
Iwwert eng Rei vu Froe wëlle mir erausfannen, wat Dir als aktive Museker dovunner haalt, e Museksinstrument an der fréier Kandheet ze léieren
Mir weisen Iech drop hin, datt mir:
- den Zäitraum vun der „fréier Kandheet” op den Alter vu 5 bis 7 Joer begrenzen.
- mat „Museksinstrument” traditionell akustesch Instrumenter oder kannerfrëndlech Versioune vun dësen Instrumenter (z. B. méi kleng Geien, Celloen ...) an net Orff-Instrumenter, Boomwhacker asw. mengen, …
An engem éischte Set vu Froe wëlle mir Är Meenung iwwer d'Léiere vun engem Museksinstrument an der féier Kandheet gewuer ginn. Dir braucht ongeféier 30-60 Minutten, fir dëse Set auszefëllen.
Mir bieden Iech,
- éier Dir äntwert, d'Froen an d'Erklärung (wann et eng gëtt) suergfälteg duerchzeliesen.
- d'Froen ausféierlech ze beäntweren. Op déi Manéier léiere mir am meeschten aus Ären Erfarungen.
- Iech bewosst ze sinn, datt et keng gutt, schlecht oder gesellschaftlech wënschenswäert Äntwerte gëtt.
En zweete Set u Froen hëlleft eis, méi iwwert Är Persoun (Alter, Geschlecht, Bildungsniveau) an Äre beruffleche Background (Enseignement, Optrëtter) gewuer ze ginn. Fir dëse Set braucht Dir ongeféier 10 Minutten.
Mir soen Iech villmools Merci, datt Dir bei dëser Ëmfro matmaacht!
Dir hëlleft eis domadder enorm bei eiser Fuerschung iwwer den Instrumentalunterrecht an d'Léiere vun engem Museksinstrument an der fréier Kandheet
Prof. dr. Luc Nijs
Associate Professor in Early Childhood Music Education
Head of the Bachelor in Music Education
Dpt. of Education and Social Work, University of Luxembourg
Visiting Professor
IPEM, Ghent University